Dienstag, 4. Februar 2014

Movies: Heemwéi

Heemwéi - by Sacha Bachim

Offiziell Facebook-Like-Säit

Nodeems an de leschte Puer Méit uerdentlech Reklamm fier "Heemwéi" gema gouff an ee quasi néirens möi konnt hikucken ouni eng Pub dofier ze gesin, leeft de Film dann lo am Kino! Fier déi wou et net matkritt hun: "Heemwéi" ass e lëtzebuergege Film deen d'Thema vum zweete Weltkrisch behandelt. Dobäi gin 2 Zaldoten op hierem Wee begleet, an et gin déi verschidden Aspekter vun sou engem Krisch gewissen. Am beschten der kuckt ierch mol den Trailer un:


Ech hu mech dofier déciéiert "Heemwéi" als "richtege" Film ze behandelen, an en och sou ze analyséieren - daat läit dorun dass de Film, menger Meenung no, an daat kann ech direkt verrooden, wierklech gudd gelongen ass a mat sou munchen Milliounen-$-Produktioune mathaale kann. Fierwaat de Film sou gudd ass wert ech dann lo a mengen üblechen gréisstendeels techneschen Aspekter erkläeren.
Fänke mer mol mam Bild un! Wéi ëmmer hun ech dorop opgepasst wéi gefilmt gouff an op waat vill Uecht geluet gouff, an ech muss sooen dass ech riit duerch begeeschtert war vun der Kameraféierung an der Bildgestaltung; se huet richteg professionell gewierkt, genee wéi een daat vun engem Hollywood-Film kennt amfong. Ab und zu war ech e Bëssen "traureg" dass et fier ee Moment onschaarf war, mee daat kann ech nëmmen all ze gudd verstooen vu dass mer um Tournage vun eisem Film "Lucy in the Sky with Diamonds" och oft domat ze kämpfen hun! Eenzel Biller gouffen nodréichlech opgehellt, an daat mierkt ee bei verschiddenen Szenen leider zimmlech gudd, daat ännert awer näicht dorun dass et als Gesamtwierk ëmmer nach op engem héischen Niveau läit waat d'Bild ubelaangt.

En zweeten Aspekt op deen ech ëmmer vill wert leen ass wéi authentesch e Film ass - e groussen Deel dovun gëtt duerch den Decor an déi allgemeng Faarw vum Film ausgemaach. "Heemwéi" kann och an dësem Aspekt iwwerzeegen: mat fantasteschen Kampfszenen (souwuel um Niveau vum Bild, wéi och vum Toun a suguer de Requisiten) fängt de Film un, an fesselt een quasi direkt. Daat läit awer och dorun dass d'Explosiounen an d'Schëss wierklech gudd kléngen an zesummen mat der hektescher Kameraféierung gëtt eng absolut angsteinflössend Stëmmung hiergestallt. Mee och ausserhalb vun dëse Krischszenen feelt et net u Léifft zum Détail, sierf et beim Language oder bei klengen Objets déi een sou am Bild fënnt wann een sëch grad op d'Haapthandlung konzentréiert.
allgemeng läit d'Bild- a Faarwgestaltung op engem héischen Niveau!
Bis elo huet de Film also schon an 2 vun 3 groussen Aspekter gudd oofgeschnidden... kommen mer lo zum Drëtten: der Schauspillleschtung. Als Lëtzebuerger ass et ëmmer (soufern een hei "ëmmer" ka benotzen, schliesslech kënnt daat net SOU oft vier!) ierjendwéi koomesch seng Sprooch am Kino ze héieren, well se séier kënschtlech an onnatierlech wierkt. Dëst Gefill léisst awer zimmlech séier no an sou konnt ech mëch och direkt méi op de Film selwer konzentréieren. Allgemeng muss ech sooen dass ee mat "Heemwéi" gesäit dass Lëtzebuerg méi wéi nëmmen e Grapp voll gudd Acteuren besëtzt - do war ech positiv iwwerrascht. (Fun Fact: de Michel Tereba, deen am Film matspillt, wert och eng Roll an eisem Film hun!)

Allgemeng fannen ech dass ee rouege Gewëssens behaapte kann dass "Heemwéi" e richteg gelongenen a spannende Film ass, deen trotz séngem recht klengen Budget eng exzellent, a fierun allem spannend, Perfomance bidd. Ech war ënner aanerem vun de Krisch-Szenen an den Militär-Gefierter begeeschtert. Daat eenzegt waat mer net sou gefall huet waren veschidden Toun-Problemer; sou gouffen et zum Beispill e Puer Szenen wou (sou huet et op jiddefall gewierkt, ech wëll mech op näicht behaapten) nodréijlech driwwergeschwaat gouff, waat zu engem koomesche Rapport tëscht de Stëmme gefouert huet... mee bon, ech weess wéi delikat den Toun bei engem Film ka sin a fierun allem wéi séier deen obrauchbar ass, an daat mierkt ee meeschtens reicht wann et ze spéit ass.
dass se suguer Panzeren haaten, hun ech wierklech beandrockend fonnt!
Fier oofzeschléissen wollt ech nach betounen dass et quasi e Muss ass dëse Film als Lëtzebuerger kucken ze gooen! Net nëmmen well et schon zimmlech rare dass eng Fiktiounsaarbescht an de Kino kënnt, mee och well domat a mengen Aaen e Meilenstein an der lëtzebuergeger Filmszene geluet gouff, dee weist dass een net ëmmer e 7 bis 8-stellege Budget brauch fier e gudde Film ze produzéieren, an sou eventuell ville jonken Nowuesstalenter d'Motivatioun gëtt och e Projet ze starten! Ech gin dem Film 7.5/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an hoffen dass mer an Zukunft mol des Öfteren e Film an eiser Sprooch ze gesi kréien! De Film wert iwwregens ab elo och an aanere Kinoen laafen wéi dem Utopolis Kierchberg, der hudd also wierklech keng Ausried en net kucken ze gooen! ;) (e war net fier näicht scho méi wéi eng Kéier ausverkaaf!)

bis dohin,
stay tuned.



Sonntag, 26. Januar 2014

Movies: Out of the Furnace

Out of the Furnace - by Scott Cooper

Infosite mat Traileren a Biller

Mat "Out of the Furance" leeft säit Neistem en interessant Drama am Kino, daat a méi wéi engem Aspekt iwwerzeege kann. Et geet ëm d'Gebridder Baze, gespillt vum Christian Bale a Casey Affleck, déi un sëch grondverschidde sin. De Russell (Bale) probéiert souwäit et geet en anstännege Mann ze sin a säi Liewen an der Reih ze haalen, wärend säi Brudder de Rodney ëmmer méi déiff a Scholde geréit an domat och ëmmer méi verzweifelt Moossnahmen op sëch hëllt fier do raus ze kommen. Daat hëllt en dramateschen Twist wou beemol eppes mam Rodney geschitt, an de Russell all Spuer vun him verléiert.


Un dësem Film gin et, graff gesin, 3 grouss Elementer déi e gudd maachen, ech wert an den nächsten 3 Abschnitter jeweils iwwert eent vun deenen Elementer schwetzen. Fierdrun sierf awer nach gesoot dass de Film eng iwwerzeegend Geschicht riwwerbréngt déi net vun den typeschen Hollywood-Wonneren verschass gëtt, wéi zum Beispill enger iwwerflësseger Liebesgeschicht, oder enger Masse-Ballerei wou keen ierjendeppes trëfft. Allgemeng spillt de Film an enger éischter novollzéibarer a rauer Welt, déi der (leider vill ze heefeger) typescher amerikanescher Situatioun ganz no kënnt.
Fier unzefänken kënnt een net dolaanscht vun de Schauspiller ze schwetzen. Mat sou engem Star-Cast ka scho mol vu vier eran net méi alles schiefgooen. Christian Bale, Casey Affleck, Forrest Whitaker, Willem Dafoe a Woody Harrelson bréngen dëse Film zum glänzen. Zumools dem Christian Bale seng Leeschtung ass wierklech iwwerzeegend, dëse Genre vu Filmer geet him menger Meenung no e gudd Stéck besser wéi déi recht simpel Batman-Filmer, haaptsächlech well en hei säi richtegt Talent beweise kann! Mee och déi aaner Oscarpräisträger an dësem Film verkierperen hiere Personnage richteg gudd, waat natierlech immens zu der rauer an haarder Atmosphere beidréit.

Als zweete Punkt hu mer d'Geschicht an d'Ambiance. Iwwert d'Story kann een diskutéieren: engersäits ass se relativ "banal", ouni vill Nierwegeschichten an Hannergrondwëssen, aanerersäits ass et eng Geschicht déi tel quel aus dësem klengen verkommenen Duerf staame kéint. An do si mer och schon bei der Ambiance: de Film huet einfach den typeschen "klengt amerikanescht Duerf daat net méi sou ganz an Hochglanz ass"-Feeling, deen duerch divers Faktoren verstärkt gëtt (Propperheet, Slang, Stroossenzoustand, Gangs, d'Behuele vun der Police, et). En plus schafft de Russell an enger Schmelz, also engem haarden a schlechtbezuelten Job,sou dass daat Ganzt och nach un de Minette aus eisem Land erënnert, an un déi aal Zäiten.
de Casey Affleck gëtt méi wi eng Kéier schlëmm hiergeriicht
Dësen Minette-Effekt (wéi ech deen lo mol nennen) gëtt och nach doduerch verstärkt dass de Film op Band gefilmt gouff, an net digital, wou wéi mer daat haut des Daags io scho baal gewinnt sin. Vill Freihand-Kamera an eng gewëssen "onschärft" (am Verglach zum Ultra-Super-Mega-HD vun enger digitaler Kino-Kamera) drooen och zu dësem Effekt bäi. Mer ass fierun allem opgefall dass vill "Grain" am Bild war, also sou kleng Partikelen dei ee gesäit wann ee wierklech gudd kuckt - daat stéiert awer net a fällt engem normalerweis och guernet op! Allgemeng wëll dësen Abschnitt sooen dass wierklech gudd Aarbescht bei der Ambiance verbruet gouff!

Fier oozeschléissen géiff ech sooen dass "Out of the Furnace" e Film ass deen warscheinlech net all Mënsch gefaale wert, dofier ass en ze éierlech a réalistesch! Bei mer konnt en awer domat punkten; daat kann allgemeng all Film deen et fäerdeg bréngt dass ech net einfach nëmmen do sëtzen a kucken mee mer Suerge maachen an/oder ugespaant sin. Dofier gin ech dem Film 7.2/10 op der berühmter Ulmerich-Skala. Obwuel ech soot dass d'Story amfong genee sou geschitt kéint sin, fannen ech dass e ganz bëssen Hollywood-Magie net geschued hätt, a wier et nëmmen fier e ganz bësse méi Pepp ran ze bréngen!

bis dohin,
stay tuned.




Freitag, 24. Januar 2014

PhysiLux

Wee mäi Blog schon eng Zäitchen verfollëgt deen erënnert sëch bestëmmt un dem Gerson säi Guest-Post, an deem heen sech e Bësse mat der Definitioun vun "Intelligenz" befaasst huet. Als recht intelligente Mënsch huet och heen sëch lo dofier décidéiert e Blog ze maachen, genee wéi ech... mat deem eenzegen Ennerscheed dass op sengem Blog gréisstendeels intelligent Saache stinn, waat ee vu mengem net ëmmer onbedingt behaapte kann (zumools wann ech en domme Video posten ;) ... oder e Smiley schreiwen).
Op sengem Blog beschäftegt heen sëch mat Physik, a sein Ziel ass et dem Normalstierwlechen d'Welt vun der Physik an hier Phänomäner e Stéck méi no ze brengen. Vu dass heen sëch schon d'Méih gemaach (an och maache wert) e Guest-Post fier mëch ze schreiwen, fannen ech dass ech roueg Reklamm fier säi Blog maachen kann, et ass op alle Fall e Bléck derwert! Ech hoffen dass heen net de Mut verléiert an dass vill Leit sëch dofier interesséieren (fierwaat och net, et geet schliesslech em Saachen déi wierklech geschéien an déi een genee sou beobachte kann!) Hei ass de Link, gidd roueg mol kucken:


bis dohin,
stay tuned.



Donnerstag, 23. Januar 2014

Movies: 12 Years a Slave

12 Years a Slave - by Steve McQueen

Infosite mat Traileren a Biller

"12 Years a Slave", Dréiher vum Golden Globe an der Kategorie "Best Motion Picture, Drama" zielt d'Geschicht vum Solomon Northub, engem schwaarze fräie Mann deen entfouert gëtt an komplett aus sengem gehuewene Liewens-Stil rausgerappt gëtt, fier dann als Sklav behandelt ze gin, deen de Numm "Platt" dréit. Dëst baséiert op enger richteger Geschicht a spillt an den 1850er Jooëren, also enger Zeit wou d'Rassentrennung nach e ganz grousst Thema war.


De Film mëcht Villes richteg gudd: d'Geschicht erzielen, d'Brutalitéit riwwerbréngen an e wierklech gudde Cast ubidden; trotzdem sin ech der Meenung dass de Film net DE beschte Film ass, an dass de Golden Globe och un en aanere Film hätt kënne gooen. Mee dozou kommen ech méi spéit, lo zielen ech als éischt mol vun de gudden Aspekter!

Storytechnesch gëtt et net vill auszesetzen, vun deem waat ech héieren hun (et gëtt io e Buch dozou) an et wierkt och net wéi wann Hollywood séng Fanger groussarteg am Spill gehaat hätt andeems se ierjendwelch Kitsch-Elementer an/oder Explosiounen abauen. Déi 2 Stonnen an 14 Minuten déi de Film dauert sin "recht gudd" gefëllt mat der Leidensgeschicht vum Solomon an et kënnt een op de Punkt wou een déi Wäiss richteg haasst, dorop pocht de Film immens. Zumools de Charakter deen de Michael Fassbender spillt haasst een wierklech krass, waat en Zeechen vun enger exzellenter Schauspillleeschtung ass!
Allgemeng haasst een déi Wäiss, zumindest de Gros vun hinnen, an ech mengen et gouff bis lo nach kee Film deen engem SOU offensichtlech klooër wollt maachen dass daat zimmlech Schäiss vun "eiser Säit" aus war waat mer matd eene Schwaarze gemaach hun. Bis op de Brad Pitt (an sou hallew de Benedict Cumberbatch (dee kennt der eventuell aus der Serie "Sherlock") spillt wierklech sou gudd wéi ALL wäissen am Film e Personnage deen een nëmmen haasse kann, waat och gréisstendeels mat der excessiver Gewalt/Folter zedinn huet. Dës Szenen dauren fier gewéinlech (an dësem Film) zimmlech laang a si wierklech intensiv. Sou gëtt et zum Beispill eng Szene wou wärend gudd 3 Minuten mat der Peitsch geschlooe gëtt an d'Kamera ständeg rondremwandert; ouni Schnatt, d'Kamera selwer gëtt bewegt, waat eng zimmlech Herausfuerderung ass, souwuel fier Schauspiller wéi och fier de Kameramann.

A genee doran läit och de Problem deen ech mam Film hun: sou vill ech begeeschtert sin dass d'Gewalt gnadenlos gewisse gëtt, also déi haart Réalitéit, sou vill geet se engem no enger Zäit op d'Nerven. Als domme Resumé vum Film kéint ee behaapten dass de Solomon vu Besëtzer zu Besëtzer geet fier enger Folterszene no der aanerer noozekucken. Spéidsdens no der drëtter Szene huet een sëch als Zuschauer "dru gewinnt" an et kéint sin dass een sëch doduerch gelangweilt fillt. Et kann een lo argumentéieren dass d'Geschicht halt sou ass, mee wann een noom Film driwwer nodénkt mierkt een wierklech dass de Film quasi neicht aanescht mëcht wéi een duerch eng Gewalt-Szene no der Aanerer ze zwéngen - gudd dass de wierklech gudd gemaach sin, soss géiff et vill méi nerven!
Alles an Allem fannen ech dass "12 Years a Slave" e gudde Film ass deen d'Réalitéit knallhaart weist an deen engem definitiv zum Noodenke bréngt. Och vum Bild hier war ech recht zefridden, zumools eben vun deenen laangen Plang Séquencen (also wann net geschnidde gëtt), genee sou wéi mat der Schauspillleeschtung vun sou zimmlech ALL Schauspiller, daat war wierklech en héische Niveau. Ech gin dem Film 8/10 op der berühmter Ulmerich-Skala - e war mer en Tick ze laang an ze repetitiv, trotzdem muss een dee Film wuel gesin hun, en weideren sauere Film vum Steve McQueen!

bis dohin,
stay tuned.



Mittwoch, 22. Januar 2014

Dornröschen gëtt düster!

Et schéngt metlerweil en neien Trend ze sin, Geschichten ze huelen déi ee kennt, an sëch e Stéck dovun raus ze sichen vun deem et net sou wierklech vill Detailler gin, fier genau aus deem Stéck dann en neie Film ze maachen, en düstere Film. Dësen Trend hu mer gesin bei Filmer wéi "Alice in Wonderland", "Hänsel and Gretel" an lo gleich och nach bei "Noah".

Den neiste Film an dëser Reih ass d'Geschicht vum Dornröschen, eng Kannergeschicht déi jidderee vun eis bestëmmt auswendeg kennt; dëse Film beschäftegt sech allerdings mat der béiser Hex aus der Story, an déi gëtt vu kengem aaneren wéi dem Angelina Jolie gespillt - an daat ass och den Haaptgrond fier dëse Post: nodeems mer hat am Film "the Tourist" fier d'Lescht op der Leinwand gesin hun, mëcht et lo säi Comeback als béis Hex! Ech muss un dëser Plaatz zougin dass ech eigentlech e recht grousse Fan vun him sin, zumools vum Film "Wanted", och wann een iwwert dee stonnelang streide kann, schliesslech ass et en absolut sënnfräien Action-Film deen d'physikalesch Gesetzer ausser Kraft setzt ;). Hei mol den Teaser fier dësen düsteren "Kanner"film:


bis dohin,
stay tuned.